|
Zum Orchester
D’Iddi um Lampertsbierg en gréisseren Schülerorchester ze grënnen, koum schon firun 2-3 Joer op.
Ausgangspunkt war d’LTAM-Musek. Nodiems dësen Orchester Schüler aus aneren Schoulen fir Regëster, wou kéng LTAM-Schüler ze fannen waren, invitéiert hat, wollten mir dëst Joer op de Wee goen, e gemeinsamen Harmonies-Orchester tëscht dem LTAM an LGL an d’Liewen ze ruffen. Langfristëg koum eis de Gedanken, dass et flott wier, en “Lampertsbierger-Schülerorchester” opzebauen, fir kéng Lampertsbierger Schüler auszeschléissen, di an hiere Lycéen kéng Gelegenheet hun, an engem Harmonies-Orchester ze spillen.
An enger éischter Etappe haten sech den 22. an den 23. Mäerz 2010 Schüler aus dem LGL an LTAM am Festsall vun der Handwierkerschoul fir eng gemeinsam Prouf-Sessioun mat Ofschlussconcert getraff.
No 7h konzentréierter Aarbecht konnten di 65 motivéiert Musiker e Programm vun 8 Stécker virstellen.
Mir waren eis eens, dass mir dëser Iddi eng Zukunft wëlle gin an hoffen, eisen erschafftenen Repertoire nach ergänzen ze kënnen, an nach weider erfollegräich Concerten z.B. op der Place d’Armes an am Walygator op d’Been setzen ze kënnen.
 |